Podcast № 3 – Rita Demart

‘How to live together in a one planet world?’ – op déi Fro ginn et vill Äntwerten a Léisungen. De Schrëftsteller Luc Spada stellt eis all Mount verschidde Perséinlechkeete fir a beliicht hier Gedanken, Erfarungen an Dreem um Wee an eng nohalteg a gerecht Gesellschaft.

Eis Invité dëse Mount ass d’Rita Demart. D’Rita ass Deel vu Transitioun Uelzechtdall, engem lokalen Transitiouns-Netzwierk. Zesumme mat enger Frëndin huet d’Rita decidéiert als Quereinsteiger ze probéieren e Geméisgaart nom Prinzip der solidarescher Landwirtschaft ze grënnen. Dofir huet et säi Job gekënnegt a fänkt elo e Stage an dem Beräich un. Wéi ass et dozou komm a wéi schwiereg war d’Decisioun e gereegelte Job opzeginn?