Podcast № 7 – Liz Paulus

‘How to live together in a one planet world?’ – op déi Fro ginn et vill Äntwerten a Léisungen. De Schrëftsteller Luc Spada stellt eis all Mount verschidde Perséinlechkeete fir a beliicht hier Gedanken, Erfarungen an Dreem um Wee an eng nohalteg a gerecht Gesellschaft.

Eis Invité dëse Mount ass d’Liz Paulus, Naturpedagogin a Zero Waste Aktivistin. Als aktive Member vum OUNI huet si méi zur Nohaltegkeet am Buedzëmmer, Virbildfunktiounen an dem Bewosstsinn fir d’Ëmwelt erzielt.