Podcast № 6 – Camille Muller

‘How to live together in a one planet world?’ – op déi Fro ginn et vill Äntwerten a Léisungen. De Schrëftsteller Luc Spada stellt eis all Mount verschidde Perséinlechkeete fir a beliicht hier Gedanken, Erfarungen an Dreem um Wee an eng nohalteg a gerecht Gesellschaft. Eisen Invité dëse Mount ass de Camille Muller – aktiv an der Grupp Transitioun Uelzechtdall, beim “Mouvement ecologique”, bei Critical Mass, VegInfo, an dat schonn säit 10 Joer.